KI-Iwwersetzer - FAQ

Heefeg gestallte Froen

Wat ass de KI-Iwwersetzer?

De KI-Iwwersetzer ass eng Applikatioun, déi kënschtlech Intelligenz benotzt, fir Texter tëscht Lëtzebuergesch a Franséisch ze iwwersetzen.

Wat ass d'Saz-Segmentéierung?

D'Saz-Segmentéierung ass e Prozess, bei deem en Text an eenzel Sätz opgedeelt gëtt. Dat ass net ëmmer evident, well net all Punkt de Schluss vun engem Saz markéiert. E Punkt ka beispillsweis och an enger Ofkierzung (z. B. "z. B.") oder an engem Datum (z. B. "2. Mäerz") virkommen. Dëse Schrëtt geschitt am Hannergrond virun der Iwwersetzung. Hei am Prototyp kann een d'Funktioun awer eenzel testen.

Wéi funktionéiert d'Iwwersetzung?

D'Iwwersetzung baséiert op neuronalen Netzwierker déi speziell fir Lëtzebuergesch->Franséisch, Franséisch->Lëtzebuergesch, Lëtzebuergesch->Däitsch an Däitsch->Lëtzebuergesch trainéiert goufen. Weider (technesch) Detailer kommen no.

Wisou gëtt et dës Säit?

Ech wollt un engem KI-Projet schaffen. Nodeem ech Spellchecker.lu un den ZLS iwwerginn hunn, huet mer en Iwwersetzer am logeschste geschéngt.

Wat sinn d'Virdeeler vis-à-vis vu Google Translate?

Google Translate fiert an de meeschte Fäll iwwer Englesch fir Iwwersetzungen an aner Sproochen an dobäi ginn Nuancë verluer. Wann ee beispillsweis bei Google Translate "la fermière" op Lëtzebuergesch iwwersetzt, kënnt "de Bauer" eraus, well do am Englesche keen Ënnerscheed gemaach gëtt. Wann ee Franséisch op Däitsch iwwersetzt passéiert iwwregens dat nämmlecht. Den Iwwersetzungs-Modell op dësem Site ass spezifesch op d'Sproochkoppelen Lëtzebuergesch/Franséisch a Lëtzebuergesch/Däitsch trainéiert.

D'Modeller si relativ kleng mat knapp iwwer 50MB pro Sproochkoppel an Iwwersetzungsrichtung. Se brauchen also wéineg Ressourcen a kënnen och op Computere mat wéineg Leeschtung lafen. Doduerch dass keng Ofhängegkeeten zu Cloud-Infrastrukture bestinn, kënnen och privat oder firmenintern Texter iwwersat ginn.

Wisou sinn an den Iwwersetzunge Feeler?

Wéi all KI mécht och dësen Tool Feeler. De Projet ass nach en enger fréier Entwécklungsphas an et feelt nach un "Trainingsmaterial". D'Iwwersetzung funktionéiert am beschte wann den Originaltext feelerfräi ass. Och kleng Feeler bréngen den Iwwersetzer aktuell nach duercherneen. De KI-Modell gëtt awer stänneg weiderentwéckelt a gëtt konstant besser.

Ech brauch awer eng aner Sprooch!

Aktuell schaffen ech just u Modeller fir Lëtzebuergesch/Franéisch a Lëtzebuergesch/Däitsch Iwwersetzungen (jeeweils a béid Richtungen). Duerno gesinn ech weider.